top of page
Libérez-vous

D’Liewen kann

esou einfach sinn

Aktiven UerdnungsService

Mir bidden en aktiven UerdnungsService un. Uerdnung ass eng Konschtform, wou all Objet, all Raum an all Detail dozou bäidréit en harmonescht an équilibréiert Ëmfeld ze schafen.

Eis Approche

Eis Approche ënnerscheed sech andeems mir haaptsächlech eng Dengschtleeschtung ubidden, déi mir ausféieren, wärend mir Rotschléi an Coaching virun an no der Interventioun proposéieren. Eist Zil ass et, en positiven a bestännegen Impakt ze schafen, fir eisen Clienten dobäi ze hëllefen, hir perséinlech Uerdnungsziler séier z'erreechen an dobäi Käschten a Plaaz ze spueren.

Fir d'Aufgaben ze erliichteren an de Prozess fir méi séier en einfacht Liewen ze hun , proposéieren mir, e groussen Deel vun der Aarbecht duerchzeféieren, notamment d‘Haaptuerdnung, déi d'Ausraume vun de Schief, d'Botzen, d'Sortéieren an d'Neiuerdnen. De Client gët virun an no dëser Haaptaufgab beroden. D'Sortéieren vun den Objetën, déi ëntsuergt oder gespend kënne ginn, gët an Zesummenaarbëcht mam Client duerchgefouert, jee no senge Besoinën.

Mir hun eis zur Aufgab gemaach, d’Liewensqualitéit vu eisen Clienten séier ze verbesseren, andeems mir hiirt Ëmfeld vereinfachen.

Iwwerzeegt vun de Wäerter vun Uerdnung, Einfachheet an Effizienz fir d'Wuelbefanne ze förderen, resultéiert eist Engagement fir dës Missioun, dass all Eenzelnën ët verdéngt, an engem Ëmfeld ze liewen an ze schaffen, dat him e Gefill vu Gläichgewiicht a Komfort mat manner kierperlecher a mentaler Ustrengung gëtt.

Annick WEBER

Annick Weber

Uerdnung ass essentiell, fir en harmonescht a funktionellt Ëmfeld ze schafen. E gutt organiséierten Raum erliichtert den Alldag, andeems méi einfachen Zougang zu den perséinlechen Saachen erméiglecht gët. Effektiv Uerdnungsléisungen hëllefen, de Raum ze maximéieren an d'Uerdnung ze halen.

Uerdnung am Alldaag

Rangement au Quotidien
Désencombrement et Tri

Lëftegen a funktionelle Raum schaft een duerch Entsuergen an Triéieren. Andeems een onnéideg Objeten entsuergt, verbessert een Liewensqualitéit. Dës Approche reegelméisseg ausgefouert fördert och eng méi gesond an uerdentlech Atmosphär.

Entsuergen an Triéieren

Fir e stressfräie Wiessel as d'Planung an d'Organisatioun vum Plënneren essentiell. Andeems een e System opstellt, d'Këschten sortéiert an etikettéiert, erliichtert een de Prozess. Eng gutt Virbereedung an Begleedung erméiglechen et, sech séier an effizient am neien Doheem anzeliewen.

Planung an Organisatioun vum Ëmzuch

Planification et Organisation du Déménagement

D'Reorganisatioun vu Schief erméiglecht ët, de Stauraum ze maximéieren an seng Saachen einfach ze fannen. Durch Sortéieren an benotzung vun passende Këschten oder Regaler, gët all Raum optimiséiert. Dës Approche vereinfacht den Alldag an bréngt e Gefill vu Kloerheet an Uerdnung.

Reorganisatioun vu Schief

Réorganisation de Placards

Uerdnung ass entscheedend, fir all Raum ze optimiséieren an en funktionellen an agreablen Interieur ze schafen. Andeems een Uerdnungsléisungen integréiert an spezifesch Beräicher fir all Aktivitéit definéiert, gët de Komfort an d'Effizienz vum Raum maximéiert.

Raumplangung

Planification d'Espace

Virdeeler fir
d'Privat Clienten

• Besser Liewensqualitéit

• Méi séier Zougang zu engem suergefraie Liewen

• Vereinfachung vum Alldag

• Komfort

• Gläichgewiicht

• Gefill vu Wuelbefannen

• Bewosstsinn an Wäertschätzung vun den Besëtzer

• Plazgewënn

• Zäitgewënn

• Fräiheet

• Méi séier Botzen

• Wëllkomm onvirgesinnten Besuch

• Uerdentlecht Doheem

• Manner Käschten

• Vermeiden vun onnéidegen Akeef

• Fridden / Zefriddenheet

Virdeeler fir d'Professionell Clienten

• Wäertschätzung vun der Aarbechtsplaz

• Erhéijung vun der Produktivitéit

• Verbesserung vun der Liewensqualitéit op der Aarbechtsplaz

• Bessert Image a Professionalitéit

• Besser Qualitéit a Schnellegkeet vun Äre Servicer

• Stressreduktioun

• Plazgewënn

• Zäitegewënn

• Fix Uerdnungsprozeduren

• Manner Käschten

Wat ass Äre Status?
Privatpersoun
Professionell
Wéi kann ech Iech hëllefen?

TVA LU35637721

Betribserlaabnes 10139482/1-6

GDPR - Allgemeng Geschäftsbedéngungen

© 2024 by Art of Order ®. Graphism and web design by graphmoska.com

Kontakt

  +352 621 720 123
  contact@artoforder.lu

  Lëtzebuerg

Sozial Netzwierker

  Facebook

  Instagram

  • Facebook
  • Instagram
Placard bien organisé

Tariffer a Packs

Stonnepräis: 95€

Pack
„Entdeckung“

Eng éischt Approche fir

Äre Raum ze entlaaschten,

mat Fokus op ee bestëmmte Beräich.

 

Dauer : 3 Stonnen

Präis : 270,75€

(5% Erspuernës)

Pack
„D'Wesentlecht“

Eng grëndlech Organisatioun,

déi verschidde Aspekter

vun Ärem Raum ofdeckt.

 

Dauer : 5 Stonnen

Präis : 446,50€

(6% Erspuernës)

Pack
„Transformatioun“

Eng detailléiert Léisung

fir Äert Liewens- oder Aarbechtsëmfeld

ze optimiséieren.

 

Dauer : 8 Stonnen

Präis : 699,20€

(8% Erspuernës)

Firwat eis Packs wielen?

Spueren

Genéisst attraktiv Remisen.

Flexibilitéit

Optiounen ugepasst un verschidden Noutwendegkeeten, vun klengen Agrëff bis zu kompletten Transformatiounen.

 

Professionell Expertise

Profitéiert vun eisem Know-how fir e gutt organiséiert an harmonescht Emfeld.

 

Fir all Froën, zéckt nët, eis ze kontaktéieren.

Mir sinn do fir Iech ze hëllefen, Äre Raum ze optimiséieren!

bottom of page